Loading...

Offensive foul

Ass dëst en Offensivfeeler a muss e gepaff ginn?

Merci un déi Responsabel vun Basketnews fir dëse Video.

Dës ass secherlech eng interessant Situatioun. Den Offensivspiller dribblet mam Ball iwer d’Mëtt, wou en Défenseur waart. Et kennt zum Kontakt an déi zwee faalen.

Folgend Reegel musse mer kucken:
33.8
Charging
Charging is illegal personal contact, with or without the ball, by pushing or moving into an opponent’s torso.

2252894358_440a97a8cb

Den Défenseur muss dobäi eng Defense-Positioun zu sengem Géigner unhuelen, an dierf sech dann säitlech an no hanne beweegen, soulaang de Kontakt um Torso ass:

Den Défenseur dierf sech dobäi net no fir beweegen.

Folgend Froen musse mer eis stellen, an hei kucken:

  • Huet den Defenseur eng legal Defense-Positioun ? Jo
  • Beweegt den Defenseur sech just no hannen oder säitlech, net no fir? Jo, hien steet beim Moment vum Impakt.
  • Ass de Kontakt op der Broscht (Torso) ? Jo
  • Ass d’Reaktioun vum Defenseur berechtegt op den Kontakt hin? Jo, also keen Flopping

Wa mer all dës Froen mat “jo” beäntwere kënnen, soll en Offensivfeeler gepaff ginn.

An dësem Fall muss ee soen, daat et sech hei ganz sécher em en Offensivfeeler handelt.

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News