Loading...

AdABL vum 11/07/2018

Hei fannt der de Rapport vun eiser leschter Sëtzung.

Präsent : DONCKEL Cathy, GLOD Patrick, HENGEL Fernand, MEISCH Luc, MOUTON Marc, OLINGER Patrick, ROETTGERS Claude, STEFFES Alain, WEIWERS Pascale, WOLZFELD Georges
Entschëllegt: FONSECA Manuel, JAAS Tom, KERSCHEN Dan, WEIWERS Lynn

a. Compte rendu de la dernière réunion à approuver

De Logo fir d’Aktivitéiten am Kader vum 50ten Anniversaire ass festgeluecht ginn.

b. Composition du nouveau comité + Répartition des charges

De Marc Mouton begréisst Cathy Donckel als neie Comitésmember.

Folgend Kompositioun vum neie Comité ass festgehale ginn :

  • Marc Mouton Président
  • Pascale Weiwers Vice-Président
  • Patrick Olinger Trésorier + Stock
  • Dan Kerschen Secrétaire + Webmaster
  • Tom Jaas Secrétaire adjoint
  • Patrick Glod Membre CA/FLBB
  • Manuel Fonseca Relations sponsors
  • Claude Roettgers, Georges Wolzfeld, Lynn Weiwers, Luc Meisch, Alain Steffes, Cathy Donckel – Memberen
  • Fernand Hengel Président d‘honneur

c. AGO 2018 (Debrief, Procuration? (Vote), Don Schlammwiss asbl)

– Info iwwert Procuratioun (Statutten): “Chaque membre avec droit de vote dispose d’une voix. Il peut se faire représenter par un autre membre, ayant droit de vote, moyennant une procuration écrite. Chaque membre ne peut être titulaire que d’une seule procuration.”

– Fir Visite guidée vum Naturreservat “Schlammwiss” gëtt en Don vun 150€ gemaach.

– Fir Commande vun den nächsten Cadeaux fir d’AGO gi méi Offere gefrot.

d. Procès verbal AGO 2018

Den Dan Kerschen schreift de “Procès verbal” vun der AGO 2018.

e. Contrats sponsoring

– G-Art sponsort eis fir de 50. Anniversaire eng gewëssen Somme, an offréiert dem Comité Polo’en oder Hiemer (à définir).

f. Suivi “50e anniversaire”

– Séance académique 08.11.2018 => Parc Hôtel “Alvisse” (Menü: Walking Dinner)

– Journée protégée

– Informatioun mam Datum un all d’Arbitteren (Mail, Site internet, Info op Convocatiounen).

– D’FLBB mëscht en Don vun 250€ fir de 50. Anniversaire.

– D’Migratioun vun eise Compte bei d’CCRA ass ofgeschloss. Fir de 50ten Anniversaire gëtt  eng getrennte Comptabilitéit gemaach.

g. Organisations 2018/19

Mir maachen eis Gedanke a sammele Iddie wéi eng nei Aktivitéiten/Organisatiounen d’AdABL fir hier Membere kéint maachen.

h. Fixation des prochaines réunions

ADABL – CA/FLBB: 26.09.2018 18:45 Drees&Sommer, Münsbach

i. Tour de table, propositions et divers

– Et gouf festgehalen, dass mir eise Membere 20% op de Shopartikelen, déi vun G-Art verkaf ginn (Rucksak, Sacoche, … / ausser Uniformen) rembourséieren.

– Iddie fir d’AGO 2019: Henkeshaus, Scheff Remich, Conterner Stuff, Visite Air Rescue

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %

Äntweren

AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News