Loading...

Jemp Blasen

De Comité an all d’Basketsarbitter sinn zudéifst betraff iwwert den Doud vun hirem laangjärege Member, Arbitterkolleg an Éierenarbitter,


dem Jemp Blasen


Dem Jemp säin onermiddlechen Asaz als nationalen an internationalen Arbitter, am Comité vun der A.d.A.B.L., Commission des Arbitres a Commission des Instructeurs wëlle mer a respektvoller Erënnerung halen an drécken der Famill eist häerzlechst Bäileed aus.


Dem Jemp säin Numm stung schonn 1963 um Rapport annuel d’activité vun den Arbitter: Hien huet déi Saison 16 Matcher fir den AS Lalleng gepaff.

1968 zielt hie scho fest zum Kader vun den Basketsarbitter an säin Numm ass an de Rapporten net méi eweg ze denken.

De Jemp war och um Offiziellen-Dësch am Asaz

An der Saison 1974/75 huet de Jemp un engem Stage fir international FIBA Arbitter zu Spa (Belge) deelgeholl (vum 9 bis de 14 juin 1974). Zesumme mam Marcel Arendt, Jean Donckel a Fernand Schroeder huet hien déi Exame gepackt.

1979 huet de Jemp schonn iwwer 400 Matcher geleed an hien ass Member vum Comité vun der A.d.A.B.L.

Laang Joeren war hien am Comité vun der A.d.A.B.L. (Hei mam Paul Felten an Luc Meisch)

1984/85 war hien zesummen mam Marcel Arendt a Gérard Gretsch op enger Formatioun vun der DBB zu Dortmund.

Vun 1979-1987 war hie Member vun der Commission des matches an huet d’Besetzungen organiséiert.

Vun 1997-2001 war hien och Commissaire neutre.

Jemp Blasen & Jim Flies
Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %

Äntweren

AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News