
Mir hunn 2018 e neie Projet lancéiert, deen de klassesche Cour vum Arbitre débutant ersetzt. Ee Schiidsriichter-Ufänger leed zesumme mat engem erfuerenen Tuteur (wéi zum Beispill engem Nat. 1 an Nat. 2 Arbitter oder engem Arbitter mat laangjäreger Erfahrung) Jugendmatcher. Den Tuteur ka selwer un en Ufänger eruntrieden, all Interesséierten ka sech awer och bei der Commission des Arbitres mellen, déi dann en Tuteur zur Säit gestallt kréien. Dës Matcher sollen der 10 sinn, déi iwwer d’Saison verdeelt sinn. Sou géif deen Ufänger och fir säi Club zielen. Den Tuteur kann esou den Ufänger besser ënnerstëtzen an him hëllefen.
E Formulaire fir direkt unzefänken fënnt een hei:
Fëllt w.e.g. dës Fiche aus a mailt se un org@flbb.lu