Loading...

Medico 2019

Fir laang Waardezäite fir e RDV am Médico – Sportif während de Méint September bis Dezember ze vermeiden, wier et gutt elo nach e RDV vun Abrëll bis Juli ze huelen.

Fir 2019 mussen elo all déi Léit an de Médico – Sportif, déi 1969, 1974, 1979, 1989, 1999, 2004, 2007 oder 2012 gebuer sinn (Néie Règlement Grand-Ducal concernant le Contrôle Médico- Sportif).

All d’Sportler mussen hier:

  • Carte d’identité
  • Carte de sécurité sociale
  • Carte de vaccination
  • an hire Brëll, falls se een hunn

mathuelen.

Et soll een och keen intensive Sport virum Exame maache fir eng Verfälschung vum Resultat  vun der Urinprouf ze vermeiden.

Vun Abrëll bis Juli sinn ëmmer immens vill RDV fräi, sou dat een net laang waarde muss.

Verschidde Sportler ginn hir Dokumenter un de Klubb weider deen se dann un de Service Médico-Sportif schéckt.

Aus Grënn vun der Protection de données an der Organisatioun, gëtt de Kontroll Médico-Sportif elo nëmmen nach mat dem “Numéro d’identifiant national” (fréier Matricule) gemaach a muss dësen dann och dem Klubb matdeelen.

Déi Donnéeën dierfen awer just un de Sportler selwer goen, deemno muss een onbedéngt eng Telefonsnummer / E-Mail-Adress mat uginn.

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News