Loading...

Oppene Bréif un d’FLBB an hir Veräiner vum Fernand Schroeder

Dësen oppene Bréif huet den Fernand Schroeder, fréiere Fiba-Arbitter a fréiere Member vum Comité Central vun der FLBB verfasst. De Fernand deelt hei seng perséinlech Meenung mat an huet eis, als Ancien vun der AdABL, gefrot dëse Bréif ze verdeelen. ?


Als direkt Betraffene vun de Suitte vum deemolege Streik vun den Arbittere riichten ech haut en Appell un all Acteure fir net déi selwecht Feeler ze maachen ewéi deemools.


Un de President an de conseil d’administration vun der FLBB:

Är Decisioun fir den Spillbetrib anzestellen war a mengen Aen zu dem Zäitpunkt richteg (och wann Juristen dat anescht gesinn). Mëttlerweil huet d’Entwécklung vun der Situatioun jo och confirméiert dat et eng gutt Decisioun war. Wat den Titel an den Op- an Ofstig ubelaangt kann ee gedeelter Meenung iwwer är Decisioun sinn. Macht wann ech gelift net de Feeler fir an dësem Punkt stuer ze bleiwen. Dat war leider d’Astellung vum deemolege President an dem Comité Central an huet zu dem bedauerleche Schlamassel gefouert deen nach 2 Saisone gedauert huet.


Un d’Veräiner:

Veräiner déi sech zu Recht oder Onrecht benodeelegt fille, solle wann ech gelift drop verzichte fir de juristesche Wee anzeschloen. Sie solle bedenken dass net nëmmen si, mee och déi Leit un der Spëtz vun der FLBB éierenamtlech sinn. Setzt iech zesummen (esou wäit ewéi dat ënner dëse Konditioune méiglech ass) a versicht eng gemeinsam Propose eran ze ginn an mat deene Responsabelen am Konsens eng Léisung ze fannen.


Un iech alleguer:

Sidd iech alleguer bewosst dass et net nëmmen em d’Interesse vun eenzele Veräiner geet, mee em d’Zukunft vum ganze lëtzebuerger Basket. De Problem muss vum Dësch fir dass déi nächst Saison kann ënner gudde  Bedingunge gespillt ginn. Et kann net sinn, dass déi nächst Saison, an eventuell nach weiderer ënner dem Drock vu juristesche Streidereie stinn, esou ewéi dat leider nom SR-Streik de Fall war.

Dir musst zesummen eng gemeinsam Léisung fannen, och wann se eventuell am Widdersproch zu dem engen oder aneren Artikel vun den Statuten a Reglementer ass. Et sinn aussergewéinlech Zäiten, also mussen och aussergewéinlech Decisioune geholl gi, esou ewéi d’Regierung dat jo och am Moment mécht.

Wann néideg kann déi Léisung jo vun enger aussergewéinlecher Generalversammlung confirméiert ginn, déi ass jo souverän.

Ech hoffen dass des Iwwerleeungen all deenen éierenamtleche Läit bei der Federatioun an och bei de Veräiner hëllefen hier Decisiounen am Interesse vum lëtzebuerger Basket ze huelen.


Fernand Schroeder

Fréiere Fiba-Arbitter a
fréiere Member vum
Comité Central vun der FLBB

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %

Äntweren

AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News