Hei fannt der de Rapport vun eiser leschter Sëtzung.
Präsent : FONSECA Manuel, GLOD Patrick, HENGEL Fernand, JAAS Tom, KERSCHEN Dan, MEISCH Luc, MOUTON Marc, OLINGER Patrick, ROETTGERS Claude, STEFFES Alain, WEIWERS Lynn, WEIWERS Pascale, WOLZFELD Georges
Entschëllegt: SCHOLER René
a. Compte rendu de la dernière réunion à approuver
ràs
b. Organisation AGO
- menu: De Präis fir de Buffet an d’Gedrénks ass fest. De Programm hu mer décidéiert e bësse méi spéit unzefänken: vun 10h00 bis 12h00 (wéinst dem Brunch am Restaurant). D’Iesse wier eréischt géint 12h30.
- cadeaux: Et gëtt kontrolléiert, wien e Kaddo kritt. Et ginn Dicher mam neie Logo bestallt.
- visite: Déi läscht Détailler bléiwen ze klären
- Invitatiounen: An der Woch vum 4.6. gëtt d’Invitatioun eraus geschéckt.
c. Feedback « 50 Joer ADABL »
- Mir hunn eis fir 1 Dréckerei entscheed. D’Buch ass déi gréissten Aarbecht. D’Séance académique ass am Park Hôtel. D’Luxembourgeoise ënnerstëtzt eis fir dëse Projet. D’Veräiner ginn eenzel ugeschriwwen, fir ze froen, wien nach Material huet.
- Eegenen Compte: Et feelt eng läscht Ënnerschrëft fir dee Compte opzemaachen.
d. Contrats Sponsoring
Luxembourgeoise huet op 3 Joer verlängert. Mir waarden op e RDV mam Responsable vun der Autopolis.
e. Stock/Caisse
- Caisse: Mir kontaktéieren d’Kasseréviseuren a kontrolléieren, wien d’Memberskaart bezuelt huet.
- Nouveau tricot: Mir proposéieren e Redesign vum Trikot vum Kader a froen G-Art fir en Design.
- Polos: Mir froen G-Art och fir e Polo am Design vum 50e Anniversaire.
- Trolley, Sacoche a Rucksack fir all Arbitter kënne bei G-Art extra bestallt ginn. Mir kënnen déi Saachen eenzel bestellen.
f. Nouveaux projets (Idées, visions, …)
Mir iwwerlëen eis, wat fir eng aner Projets mer kënne an Zukunft starten kennen a sinn fir all Idee op.
g. Règlementation GDPR
Mir diskutéieren d’Implikatiounen fir eis Asbl.
h. Enregistrement RCSL
Mir hunn d’Androhung am Register gemaach.