Leif Arbitter- a Kommissärkollegen (-innen),
Mir hoffen et geet Iech an äre Léifsten an der aktueller Situatioun gutt an dir sidd all gesond.
Nodeems Basketssaison Ufank Mäerz huet misste ënnerbrach an fréizäiteg ofgesot ginn, hu mir alleguerten eng méi laang Basketspaus. Mir hoffen dir freet Iech awer alleguerte fir erem um Terrain ze stoen, wann et “hoffentlech” am September erëm kann lassgoen.
Mir wéilten Iech informéieren, dass mir am Comité decidéiert hunn fir d’Generalversammlung vun der A.d.A.B.L (geplangt fir den 26.06.2020) op Grond vun der aktueller Situatioun ofzesoen. Mir wäerten dëst zu engem spéideren Zeitpunkt nohuelen an iech mat Zäiten de neien Datum matdeelen.
Bis déi nächst Saison erëm ufänkt kenne mir awer vun der Zäit profitéieren fir eis kierperlech a mental fit ze halen. Fir déi interesséiert sinn, kenne mer Iech gären verschidden Trainingsprogrammer oder Circuit-Training fir doheem vun der FIBA ? weiderschécken.
Wärend dem Confinement sinn och flott Projete iwwert verschidden Medien entstaanen:
Esou kann een un verschidden Webinaren speziell fir Basketsarbitteren vun “NeverStopLearning” deelhuelen. E Projet dee vun engem schwäizer EuroLeague-Arbitter initiéiert ginn ass. Heifir musst dir Iech einfach op www.neverstoplearning.ch ? enregistréieren, an dann kennt dir iwwert de Programm Zoom (www.zoom.us) un den Webinars deelhuelen.
Esou ass z.Bsp den 27.4.2020 e ganz interessanten Virtrag vum Zsolt Hartyani (Member vun der FIBA-Reegelkommissioun) iwwert dei nei Reegelännerungen fir d’Saison 2020/21, deen mer iech nëmmen recommandéiere kann. Weider Webinare mat FIBA- an Euroleague-Arbitteren, Sports-Psychologen, Euroleague-Coachen, … sinn fir de Mount Mee geplangt.
Hei sinn och nach e puer interessant Linken:
- Op Youtube ass e ganz interessante Video [FR] vum Nicolas Maestre (franséische FIBA-Arbitter) iwwert “COMMENT COMMUNIQUER AVEC LES ARBITRES“:
https://www.youtube.com/watch?v=q13kr1Z_nY0 - Video mat Erklärungen [FR] zum “Zero-Step” (Travelling):
https://www.youtube.com/watch?v=1zDhM2hAU3g - Video mat Erklärungen [DE] zum “Zero-Step” (Travelling):
https://www.youtube.com/watch?v=8pStgUaVCUs - Physical Training Manual for referees
Fir wéider Infos oder Froen kennt dir Iech och gäre bei eis mellen.
Bleift alleguerte gesond a monter.
Dear referees and commissioner colleagues,
We hope in this current situation you and your closest ones are doing well and are healthy.
After the basketball season was interrupted and cancelled in March, we all have a longer basketball break now. We hope you are all motivated and looking forward to start “hopefully” in September again.
We wanted to inform you that the A.d.A.B.L committee took the decision to cancel our general assembly (planned for 26.06.2020) and postpone it to a later date. We will inform you about the new date in time.
Until the next season starts we can use the time to keep ourselves physically and mentally fit. For those who are interested we can send you different training programs or circuit workouts from the FIBA ?.
But in the meantime there are also some great projects.
You can participate in several webinars from “NeverStopLearning” especially for Basketball referees. This project was launched by a Swiss Euroleague referee. You just have to register on www.neverstoplearning.ch and afterwards you can participate in the webinars via the program Zoom (www.zoom.us).
For example, a very interesting lecture with Zsolt Hartyani (member of the FIBA rules commission) about the new rule changes for the 2020/21 season is planned for 27.04.2020. We can only recommend this to you all.
Further webinars with FIBA and Euroleague referees, sports psychologists, Euroleague coaches, … are planned for May.
Here are some more interesting links:
- On Youtube is a very interesting video [FR] by Nicolas Maestre (french FIBA referee) about “COMMENT COMMUNIQUER AVEC LES ARBITRES” https://www.youtube.com/watch?v=q13kr1Z_nY0
- Video with explanations [FR] about the “Zero-Step” (Travelling) https://www.youtube.com/watch?v=1zDhM2hAU3g
- Video with explanations [DE] about the “Zero-Step” (Travelling) https://www.youtube.com/watch?v=8pStgUaVCUs
Do not hesitate to contact us for any further information.
Stay safe.