De Comité an all Basketsarbitteren traueren ëm hire laangjärege Member,
Arbitterkolleg an Eirenarbitter, de
Jim Flies
Mat groussem Respekt soe mir dem Jim Merci fir säin Asaz als nationalen an internationalen Arbitter, am Comité vun der A.d.A.B.L., Commission des Arbitres a Commission des Instructeurs. Mir wäerten hien a beschter Erënnerung behalen an drécke senger Famill eist opriichtegt Bäileed aus.
Laang Joeren war de Jim am Comité vun der AdABL aktiv.
Zu Tallinn 1979 ass de Jim zum Fiba-Schiedsrichter ernannt ginn, zesummen mam Jean-Marie Marchal.
Hien hat schonn iwwer 400 Matcher zu dësem Zäitpunkt geleet.
De Jim war och aktiven Kommissär vun 1993-2001.
Och no senger aktiver Zäit war de Jim oft op Matcher oder mat den Arbitterkollegen ënnerwee.