Loading...

Rappels – Saison 2013-2014

E puer Informatiounen zum Ufank der Saison:

Lizenzen:

  1. Et sinn nei Lizenzlëschten eraus. Ab dem September 2013 si just déi mat der GIELER Entête valabel. Wann e Club nach eng al Lizenzlëscht huet (virum September), dann sollt der daat hannen op de Bou schreiwen!
  2. Kontrolléiert w.e.gl. ob déi Spiller um Bou och bäi de „Spiller“ an net bäi den Offizielle stinn!
  3. Validitéit vun de Lizenzen:
    1. Hannert verschidde Spiller(inne) steet eng „Date de validité de licence“. Wann e(ng) Spiller(in) spillt, bei deem den DATUM ofgelaf ass sollt der daat hannen op de Bou schreiwen, mat der Lizenznummer a Numm
    2. Bäi villen NON-JICL Spiller steet esou eng „Date de validité“ hannendrun! Dëst kënnen och Lëtzebuerger sinn!
      1. An den 2 ieweschten Divisiounen (TL an Nat II) si NET méi wéi 3 NON-JICL erlaabt um Bou.
      2. Einfach op de Lizenze kucken, wien eng „Date de Validité“ huet, wann se ofgelaf ass, dann sollt der daat hannen op de Bou schreiwen.
      3. Sti méi wéi 3 Non-JICL-Spiller um Bou, sollt der déi ALL hannen op de Bou schreiwen ( All déi um Bou stinn)

Pünktlechkeet:

  1. Sidd w.e.gl. mindestens 20 Minutte virum Ufank vun ärem 1. Match an der Hal. Wann ech weider Reklamatioune kréien, dat d’Arbitter knapp 1 Minutte virum Match an d’Hal kommen, gëtt et e Weekend Paus an den eegene Club gëtt informéiert !

Ofmellungen:

  • Denkt w.e.gl. un Är Ofmellungen (Vakanz, Prüfungszäit, Schaffplang, etc.).
  • Am beschten mellt der iech 14 Deeg am viraus of. Fir de Kader ass d’Deadline Dënschdes mueres fir den iwwernächste Weekend, a fir all déi aner Mëttwochs owes 20 Auer fir den iwwernächste Weekend. Alles aneschters gëtt e Refus.
  • Kontrolléiert och den Datum: Wann do steet „Samschden, den 4 Oktober“, dann gëllt den Datum (4 Oktober)!

Als klenge Rappel:

Et ass net erlaabt Bijouen oder aner Equipementer unzehalen déi aner Spiller blesséiere kéinten. Net erlaabt sinn:

  • Protectioune fir Fanger, Hand, Ielebou, Knéi, etc. aus Lieder, Plastik, Metall, och wann se mat Schaum iwwerzu sinn.
  • ALLES wat “schneit” a “kraazt”, z.b: Fangerneel (och fir d’Arbitter)
  • All Ornamenter, Spéngelen an den Hoer, Ouerréng a soss Bijouen (Halsketten, Bracelet)
  • d’Ouerréng ginn och „NËT getapt“ !
Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News