Loading...

Contrôle vun de Lizenzen ab 01.01.2014

D’Commission technique (CT) huet fest gestallt, dat Spiller ouni Lizenz, respektiv just mat enger “offizielle Lizenz” gespillt hunn, oder guer kee valabele Médico hunn. Et ass opgefall dat an de leschte Wochen, haaptsächlech bei der Jugend, gefuddelt ginn ass, a Spiller um Terrain stoungen, déi um Bou en aneren Numm hunn.

Duerfir kontrolléiert den nächste Weekend systematesch op ALL Match:

  • den Datum uewen op der Lizenze Lëscht muss > 1.01.2014 sinn,
  • d’Spiller op se bäi de Spiller stinn, an net bei den Offiziellen,
  • op de Médico sportif nach ok ass (d’Joer)

Wann dat net sollt esou sinn, einfach eng Remarque hannen op de Bou schreiwen.

Da gitt der bei béid Équipen, rufft d’Spiller bei Iech, a frot den Nummeren no den Numm a Virnumm beim Spiller no (dir sot d’Nummer, an de Spiller soll Iech säin Numm a Virnumm ginn, en cas de doute frot de Gebuertsdatum – Dir dierft KENG Identitéitskaart froen!)

Wann dann d’Nimm/Spiller net korrespondéieren, déi 2 hannen op de Bou schreiwen, mat der Remarque „Name des Spielers stimmt nicht überein mit dem auf dem Spielbogen vermerkten Namen“.

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News

  • Important dates 2021/2022

    Refresher courses 📅 11/09/2021 - 09:00 - Pre-season Refresher Clinic (Total League Referees)📅 15/09/2021 -...

  • Important dates 2020/2021

    « Small Countries Officiating Development Project (SCOD) » ✅ 09/05/2020 - 10:30 - Webinar SCOD:...

  • Rule Changes 2020-2021

    Dans le cadre du «Small Countries Officiating Development Project (SCOD)», Johnny Jacobs (instructeur FIBA) présentera...

  • Project 10

    Mir hunn 2018 e neie Projet lancéiert, deen de klassesche Cour vum Arbitre débutant ersetzt. Ee...

  • 50. Anniversaire vun der AdABL

    Am Kader vun de Feierlechkeeten vum 50. Anniversaire vun sengem Bestoen organiséiert d'AdABL eng FOTOAUSSTELLUNG...

%d bloggers like this: