Loading...

Newsletter 1 – Saison 2012/2013

Info fir all d’Arbiteren

1. Problemer Server:

Enn Juli, Ufank August gouf et e Problem mam Serveur vun der FLBB. Doduerch si keng Maile bäim Patrick Glod ukomm. Wann Dir an dësem Zäitraum Äer Absencen erageschéckt huet, hunn ech dës net kritt. Kéint der déi w.e.g. nach eng Keier schecken.

2. FLBB-INTERACTIF

Link: http://213.135.239.225/interactif/ oder http://flbb.dyndns.org/interactif/

Am Fichier vun den Arbiteren ass am Moment alles um leschte Stand. Gitt w.e.gl. Är Donnéeën op den FLBB-interactif kucken a kontrolléiert op alles richteg enregistréiert ass: Fonctioun, Absence, Disponibilitéit, etc… a sot dem Patrick Glod iwwert Mail (org@flbb.lu) oder GSM +352 661 481 876 Bescheed. Gidd w.e.g. och regelméisseg kontrolléieren.

 

3. DEADLINE fir är Disponibilitéiten

Sollt dir e bestëmmten Dag oder eng Period net disponibel sinn (Vakanz, Examen, Familljeniessen, etc.), da sot dat w.e.gl. bis spéitstens Mëttwochs fir de nächste Besetzungszäitraum Bescheed. (Dënschdes fir déi Arbiteren aus dem Kader „TOTAL League“ an dem erweiderte Kader vun der Nationale 2)

Beispill:
– Deadline: Mëttwoch 10 Oktober 2012 (Dënschdes 9 Oktober fir den “Kader“)
– Besetzungen: Mëttwoch / Donneschdes 11 Oktober 2012
– Besetzungszäitraum: Méindes 15 Oktober bis Freides 26 Oktober.

4. Prozedur bei den Ofmeldungen:

Sollt e wierklechen „Cas de force majeur“ virkommen, da mellt iech w.e.gl. sou schnell wei méiglech of iwwert :

¦————————————————————————–¦

             org@flbb.lu oder um Telefon 661 48 18 76.

¦————————————————————————–¦
Keen SMS w.e.g. (Déi gin leider ignoréiert !) a w.e.g. och kee Mail déi lescht 24 Stonne virum betreffende Match.
Dobäi vergiesst net unzegin wat fir e Match, wat fir en Dag a wat fir enger Hal der zréckgëtt.
Beispill:

„Ech sin den XYZ. Ech ka mäi Match / meng Matcher dëse Samschden, 13 Oktober zu Walfer um 16h00 an 17h30 (eventuell Kategorie a Spillnummer – (Kopie/Paste-Convocatioun)) leider net päife goen. Ech hu mech um Training verletzt a melle mech och of bis den 1 Dezember. Soen erëm Bescheed wann et nees geet.”

5. Fiche d’Inscription 2012-2013:

An äerer Mail fannt der eng Lëscht mat deenen Arbiteren, déi nach ëmmer net hier „Fiche d’Inscription“ zréckgeschéckt hunn. Et kann awer och sinn, daat d’Fiche am System (cf. Problemer Juli-August) hänke bliwwen ass. Et ass onméiglech produktiv ze schaffe, wann een net weess, wou ee mat de verschiddenen Arbiteren drun ass. Et gehéiert zur elementarer Héiflechkeet op e Schreiwes ze äntweren, a mir d’Aarbecht net nach méi komplizéiert ze maachen.

Ouni Fiche kennt der leider keng Convocatioun kreien.

Mär wenschen eng roueg an erfollegräich Saison!

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News