Loading...

Newsletter 2 – Saison 2012/2013

Un all Arbiteren:

1. Cours de Recyclage:

De Sonnden, 30 September 2012, ass an der Coque de Cours de Recyclage fir ALL Arbitter (ausser Kader/élargi):

-> 08h30 – 09h45 : Laftest (Official Physical Fitness Test for Referees) am Gymnase. Vergiesst Är Sportssaachen net !

-> 10h00 – 11h30 : Cours de Recyclage am Amphitheater

-> 11h30 – 12h00 : theoreteschen Test

Links zum Thema:

http://www.adabl.org/ an http://www.fiba.com/

 

2. „SHOP“ AdABL:

De Sonnden ass och de „Shop“, (fir Trickoten, Päifen, etc) an der Coque virum Amphi op. W.e.gl. am viraus bestellen : org@flbb.lu mat der Info vun der gewënschter Gréisst. All Gréisste sinn och an den nächsten Deeg nees disponibel.

 

3. Frais de Déplacement:

De Samschden, 22 September ass op der ASG vun der FLBB den Tarif fir d’Frais de Déplacement vun 0,35€ op 0,40€ pro Kilometer fixéiert ginn. Nei Rechnunge fir dëse Weekend sinn och eraus gaangen. Aner Adaptatioune vun den Tariffer si fir d’Saison 2013/2014 an 2014/2015 beschloss ginn.

4. Pénktlechkeet:

Mat Iech w.e.gl pénktlech op de Wee fir äre Match. D’Saison ass knapps un, a schon kommen d’Arbitter ze spéit op d’Matcher! Fir d’Jugendmatcher an déi ënnescht Divisiounen huet Dir 20 Minutte virum Match ugedoen an der Hal ze sinn! Kontrolléiert och d’Lizenze VIRUM Match, an den Datum uewen op der Lizenzelëscht. Spiller, déi net drop stinn, einfach hannen op de bloe Bou schreiwen.

5. Convocatiounen:

Kuckt Är Convocatioune, soubal Dir se kritt (Normalerweis Donneschdes/Freides). Rufft dem Patrick net eng ½ Stonn virum Match un, a frot wou d’Hal ass, resp. fir d’Handysnummer vum Kolleg, wëll der ze spéit un sidd. Iwwregens, d’Nummere sti meeschtens um Site Interactif.

 

6. Fiche d’Inscription 2012-2013:

Verschidden Arbiteren hunn et nach ëmmer net fir néideg fonnt, hier „Fiche d’Inscription“ eran ze schécken, respektiv bei e puer Stéck ass d’Fiche am System hänke bliwwen. KENG Fiche heescht KENG Convocatioun!

 

7. Hal vu Stadtbredimus (Musel Pikes):

D’Strooss tësche BOUS a STADTBREDIMUS ass zou. Hei fann der 2 Méiglechkeet fir dohinner ze kommen. Probéiert w.e.gl. NET awer vu Bous op Briedemes ze fueren, et si regelméisseg Kontrolle vun der Police do! Fuert och éischter fort (rechent mindestens 15 Minutte wieder), zëmools Sonndes bäi guddem Wieder, do sinn méi Autoen a Richtung Réimech ënnerwee.

Link 1: Bous – via Montée des Vignes – Stadtbredimus

Link 2: Bous – via Remich – Stadtbredimus

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %
AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News