Loading...

Jean Fonk

Den AdABL Comité an all Basketsarbiteren hunn déi traureg Flicht, den Doud hun hirem Comitésmember a Caissier, Éirenarbiter 1969-1996, dem

Här Jean Fonk

Mir soen him Merci fir seng gutt Aarbecht am Déngscht vun eiser Associatioun a wäerten hien a gudder Erënnerung behalen.

Senger Fra a senger ganzer Famill drécke mir eist häerzlechst Bäileed aus.

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %

One thought on “Jean Fonk”

  1. D’Annonce vun der Famill:
    Mat schwéierem Häerz deele mir den Doud mat vun eisem léiwe Mann a Papp, dem

    Här Jean Fonk

    Hien ass onerwaart gestuerwen e Samsdeg, den 13. Abrëll 2013, am Alter vun 63 Joer. Eng Mass gëtt gehalen zu Hamm am Krematorium e Mëttwoch, de 17. Abrëll 2013, um 13 Auer. D’Verstreeë vun den Äschen ass an aller Stëll. Et traueren ëm hien:
    Roswitha Fonk-Schneider, Jean-Marie Fonk a seng Frëndin, Francine an de Ben, Emile a Christel Fonk-Mantwill, Henri Fonk, Claire Fonk an Elise Fonk an d’ganz Famill an d’Frënn.
    Greiweldeng, de 16. Abrëll 2013.
    Wann Dir besonnesch un de Jang wëllt denken, da kënnt Dir dat maache mat engem Don un «Luxembourg Air Rescue», Dexia IBAN LU84 0020 1167 9560 0000», mam Vermierk «Don Jean Fonk».

Comments are closed.

AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News