Loading...

Code of conduct fir FLBB Arbitter

Download & english versions as well as FLBB Guidelines below.

Den Arbitrage am Basketball wärend der Krisenzäit

1) Mossnamen, déi vum Club solle geholl ginn.

D’Veräiner sollen drop oppassen: 

  • Den Delegué(e) de salle / een Offizielle vum Heemveräin desinfizéiert de Ball / d’Bäll virum Warmup, virum 1. Jump Ball a virun all Véierel. De Ball bleift wärend der Paus an der Hal.
  • Um Bou musse fir all Match (och bei Frëndschaftsmatcher an Tournoien) déi komplett Nimm vun de Spillerinnen a Spiller stoen, fir en méiglechen Tracing ze vereinfachen.
  • Fir déi Offiziell a fir d’Arbittere muss Desinfektiounsmëttel um Dësch stoen. D’Arbittere sollen sech reegelméisseg d’Hänn desinfizéieren (virum Match, tëschent de Véierel, an den TimeOuts, nom Match, …).
  • D’Vestiäre solle gebotzt/desinfizéiert zur Verfügung gestallt ginn, mat genuch Plaz fir déi aktuell Mossname vum Ministère anzehalen (2 Meter Ofstand, …).
  • Nëmmen d’Arbitter an d’Kommissären an den Instructeur dierfen Accès zu dëse Vestiäre hunn.
  • Den 2 Meter Ofstand muss zu all Moment vun Trainer an Offiziellen agehale ginn.

Déi virgeschriwwen Distanze mussen zu all Moment, och bei Nofroen an Änlechem vun Trainer a Spiller agehale ginn.

  • Fir d’Preparatioun/d’Kontroll vum Digibou mussen d’Offizieller 2 Meter Ofstand huelen a  jiddwereen muss e Mask droen.
  • Fir dat Administratiivt ze vereinfachen, kënnen d’Arbitter ausnamsweis Digicash unhuelen (wéinst der einfacher Kontroll). Falls den Arbitter keen Digicash huet, soll hien op der Plaz mat Boergeld an enger Enveloppe um Offiziellendësch bezuelt ginn.

2) Mossnamen, déi vum Arbitter solle geholl ginn & « COUNT-DOWN »

  • Fir all administrativ Aufgabe muss den Arbitter eng Mask droen.
  • All Arbitter soll seng eegen Erfrëschungen mat an d’Hal bréngen.
  • Fir d’Preparatioun/d’Kontroll vum Digibou mussen d’Offizieller 2 Meter  Ofstand huelen a  jiddwereen muss eng Mask droen.
  • 60’ bei Total League, resp. 45’ an all aneren Divisiounen:
    • D’Arbitter kommen an der Hal un (Mask obligatoresch).
    • Et ass keng aner Persoun am Vestiaire erlaabt ausser dem Kommissär an dem Instructeur (andeems d’Reegele vun der sanitärer Hygiène agehale ginn).
  • 45 – 40’ virum Match: 
    • D’Arbitter ginn an de Vestiär. Am beschte benotzen si 2 Vestiäre. Wann eng Fënster am Vestiär ass, soll dës esou vill ewéi méiglech op sinn fir ze lëften.
    • D’Pregame-Konferenz gëtt an engem Vestiär ofgehal, andeems d’Reegele vun der sanitärer Hygiène agehale ginn (Mask / Ofstand).

Alternativ: 30’ virum Match: Bei Jugendmatcher kënnen d’Arbitter an der Uniform (mat Mask) an d’Hal goen, fir esou ze vermeiden, dat sech ze vill Arbitter an de Vestiäre kräizen.

  • 20′ virum Match: d’Arbittere ginn mat Mask an d’Hal, begréissen d’Offizieller um Dësch, d’Trainer, d‘Spiller ouni Shake-hands a ginn sech ouni Mask opposéiert vum Dësch stellen (Total League + Nationale 2 Hären), mat mindestens 1,5m Ofstand ënnerteneen.
  • 1′ virum Match: D‘Arbittere ginn op hir Positioune fir den Jumpball, d’Spiller däerfe just verbal begréisst ginn, ouni Shake-hands!
  • Virun an no der Hallschecht an nom Match ginn d’Arbitter an hir Vestiäre andeems d’Reegele vun der sanitärer Hygiène agehal ginn (mat Mask).
  • All Shake-hands nom Match solle vermidde ginn.

Download & english versions here:

FLBB Guidelines (v. 09/09/2020 https://www.luxembourg.basketball/):

Happy
Happy
0 %
Sad
Sad
0 %
Excited
Excited
0 %
Sleepy
Sleepy
0 %
Angry
Angry
0 %
Surprise
Surprise
0 %

One thought on “Code of conduct fir FLBB Arbitter”

Äntweren

AdABL

Association des Arbitres de Basketball Luxembourgeois

Members

News